Service “d’Seechomes” & Service “déi kleng Seechomes”
D’Servicer, déi vun eisen Organisatioune geleescht ginn, favoriséieren de soziale Lien andeems se lokal Opträg ubidden.
Mir äntwerten op d’Ufroe vun Awunner vun de Partner-Gemengen:
- Eenzelpersounen oder Koppelen (+60 Joer).
- Persounen, déi en zertifiéierten Handicap hunn (ouni Altersbegrenzung).
- Persounen, déi hospitaliséiert sinn oder eng Période de repos brauchen.
- Elengerzéiend Pappen oder Mammen, mat minimum engem Kand (-12 Joer).
- Persounen, déi vum Schäfferot an/oder vum Office social recommandéiert goufen.
D’Offer vun de Servicer d’Seechomes
- Gaardenaarbecht
- Recyclage
- Entretien & Raumaarbechten
- Kleng Renovatiounen
- Mobilitéit
- + “Wantersaison”: Schnéischëppen, Schneiden & Stockage (Brennholz) …
D’Servicer vun “d’Seechomes” funktionéiere vu méindes bis freides, vun 8:30 bis 16:00 Auer, op Rendez-vous. En Asaz bei engem Notzer dierf net méi laang dauere wéi 4 Stonnen/1 Rdv/Woch.
D’Tax, déi a Rechnung gestallt gëtt läit bei: (CIGL Strassen a.s.b.l.) 12 Euro ouni TVA/Aarbechter/Stonn. (CIGL Kopstal a.s.b.l.) 11 Euro ouni TVA/Aarbechter/Stonn. D’Benotze vun de Maschinne gëtt berechent mat 3 Euro ouni TVA/Maschinn/Stonn. D’Trajeten, déi fir en Asaz gemaach ginn, si gratis. De Service “Schnéischëppen” gëtt berechent mat 8,50 Euro mat TVA/1 Asaz (am Präis abegraff sinn d’Aarbecht, d’Material, dat benotzt gëtt, an d’Salz).
D’Offer vun de Servicer déi kleng Seechomes
- Haushaltshëllef fir Privatberäicher & Banneraim
- Personaliséiert Hëllef (Spadséiergang mat engem Hausdéier, Virliese vun Zeitungen, administrativ Hëllef …)
- Hëllef zur Mobilitéit: medezinesch Begleedung / Rendez-vous beim Dokter, Akeef
D’Equipe “déi kleng Seechomes” geet an op all punktuell oder regelméisseg Ufro. (max. 4 Stonnen/Woch/Notzer).
D’Tax, déi a Rechnung gestallt gëtt läit bei 12 Euro ouni TVA pro Persoun am Asaz a pro Stonn. D’Benotze vun de Maschinne gëtt berechent mat 3 Euro/Maschinn/Stonn. D’Trajeten, déi fir en Asaz gemaach ginn, si gratis.