PART@Stages ass eng Entwécklungsmesure, déi Enn 2013 gegrënnt gouf a vu CIGL STRASSEN a.s.b.l. ëmgesat gouf, an Zesummenaarbecht mam Schäfferot vu Stroossen a mat IMS-Luxembourg.
D’Zil ass et, dat berufflecht Zesummekommen tëschent Salariéë vun eise sozialen Initiativen a lokale sozial verantwortlechen Entreprisen ze erméiglechen.
- Eng Partnerschaft tëschent Entreprise an Associatioun schafen, déi op der Logik vum Win-Win-Prinzip opgebaut ass.
- De Zougang zu enger dauerhafter Aarbechtsplaz favoriséieren, déi de Qualifikatiounen a Kompetenze vun eise Salariéen entsprécht, déi an enger “Mesure d’emploi spécifique” sinn.